Museksprof am Lycée (E7)

Den däitschen Héichschoulbetrieb gesäit e Studium fir, deen op de spéidere Proffeberuff am ‚enseignement secondaire’ ofgestëmmt ass. Déi musekpädagogesch ausgeriichte Studierichtung heescht
Schulmusik a gëtt an Däitschland an an Éisträich op de Musikhochschulen ugebueden.

D'Unien bidden doniewt Musikwissenschaft un, wou haaptsächlech déi wëssenschaftlësch-geschichtlech Säit vun der Musek behandelt gëtt. De Studium dauert 8 Semester.

A Frankräich gëtt
Musicologie op den Unien ugebueden, waat éischter der Musikwissenschaft an Däitschland entsprëcht.

Fir op den däitschen Héichschoule kënnen ze studéieren, muss ee sougenannten 'Aufnahmeprüfungen' maan. Pabeieren an Diplomer vu Lëtzebuerger Museksschoulen spillen heibäi keng Roll. D’Haaptinstrument, en Nieweninstrument, Harmonielehre, Gehörbildung asw. ginn hei tëscht ville Konkurrente getest. Déi Bescht gi geholl!

Mat dem däitschen Héichschouldiplom a mat dem franséischen Unisdiplom gëtt een hei zu Lëtzebuerg zum Concours fir an de Museksproffe-Stage zougelooss.

Museksprof am Conservatoire (E7) – Chargé(e) de cours an der Museksschoul (E3ter)

An Däitschland schwätzen se vum instrumentalpädagogischen Studium (IP), deen un den Héichschoulen ugebuede gëtt. Duerno däerf ee sech staatlich anerkannter Musiklehrer an Musikschulen nennen an zu Lëtzebuerg an der Museksschoul am héchste Grad (E3ter) Cours’e ginn oder no engem Stage am Conservatoire zum Conservatoiresproff (E7) avancéieren.

A Frankräich an an der Belsch erléiert een dee Beruff op de Conservatoiren.

Musekstherapeut

Musekstherapeute schaffe mat de Wierkunge vu Musek op den Organismus. Duerch Lauschteren a Praktizéiere vun der 'richteger Musek' resp. de 'richtegen' Instrumenter kënnen Heelprozesser am mënschleche Kierper op physeschem a psycheschem Niveau ugereegt ginn.
> www.musiktherapie.lu

Militärmuseker
> www.armee.lu

Orchestermuseker
> www.opl.lu (z.B.)

Museksjournalist, -kritiker

Kulturmanagment


Tountechniker - Medientechnologie
> www.sae.de (z.B.)

‚Fräischaffende Museker’: Jazzmuseker, Barpianist, Dirigent ...