De 26.Abrëll 2013 wor am Spigelsall vum Iechternacher Kolléisch di éischt Oplo vum Hausconcert Spigelkabinett, enger Spektakel-Plattform fir kënstleresch Villfalt. Hei gëtt Musek, Theater, Danz, Poesie ugebueden. D‘7o5 huet mat 3 Lidder aus sengem neie Projet DinA4-Kand de Concert agesongen. D‘2A ‚Musek a Literatur‘ huet 3 Lidder vu Brecht, Baudelaire an Austen gesongen an erkläert. D’2e-Theateroptioun Littérature: interprétation et jeu huet 3 flott Sketcher a franséischer Sprooch opgefouert, den ‘Ensemble Vocal du LCE’ huet 3 epocheniwwergräifend Lidder zum Beschte ginn, d’1e-Optioun Die singenden Primaner von Echternach huet sou genannte Léier- a Wëssenslidder opgefouert an erkläert. Den Ofschloss huet de Proffechouer mat 3 franséische Chansons gemat. De Spigelsall wor gutt gefëllt, dem Publikum huet den ofwiesselungsräiche Programm gefall. De Spigelkabinett stoung ënnert der Leedung vun den Enseignanten Carole Lorang, Nikola Eckertova a Georges Urwald.