G A G – Gesank Am Gank - um Wee zu enger flotter Traditioun

D’Formel ass einfach: et huet ee Schüler, déi gesanglech eppes ze bidden hunn an et huet een e schéine Gank, eraus kënnt Gesank am Gank!
D’Schüler (an der Regel d’Septimaner) léieren am Laf vum Trimester eng Rei Lidder, Songs an ënnerschiddleche Kontexter am Musekscours kennen. Zwee vun deene Lidder gi parallel op alle 7eKlassen ageprouft fir zum Schluss vun all Trimester an der grousser Muergespaus um 9:50 Auer opgefouert ze ginn.
De Gank, an eisem Fall dat grousst Trapenhaus am Haaptgebai vun der fréierer Iechternacher Abtei, dem sou genannte ‚Prälatefliggel’ bitt eng Méiglechkeet, een Aspekt vum Musekscours no baussen ze droen an d’ganz Schoulgemeinschaft drun deel huelen ze loossen.
De Schüler gëtt schnell kloer, wat e klengen ‚Optrëtt’ fir grouss Auswirkunge kann hunn: si maachen dem Publikum, de Proffen an de Matschüler a sech selwer eng Freed. Eng kleng Iwwerraschung. Eng Erfrëschung. Eng kleng Ofwiesslung am Schoulalldag.

Gesank am Gank