Hei fann Dir relativ geleefeg lëtzebuergesch, musekalesch Riedensweisen, déi meeschtens näischt mat Musek ze doen hunn, gesammelt vu Schüler a Proffen aus dem LCE: net liewenswichteg, awer witzeg an interessant!


01 - Bäi deenen doheem spillt hatt déi éischt
Gei...!
02 - Oh, deem kann ech zwar de
Bass halen !
03 - Deem Topert wäert ech de
Marsch blosen!
04 - Deen huet vun
Tuten a Blose keng Ahnung !
05 - An hatt
päift aus dem letzte Lach !
06 - Also är Prüfung ass ënnert aller
Klarinett !
07 - Oh freck, wat hu mir gëschtr’ owend
op d’Tromm geschloen !
08 - Tjo, den
Toun mécht d’Musek !
09 - De kriss eng an d’Gladder, datt d’Zänn der am A..
Piano spillen !
10 - Mä dat musst de dach net un déi grouss
Klack hänken !
11 - An deem Betrieb schaffen se
am Akkord !
12 - An hien
danzt alt ërem no hirer Päif !
13 - Hien huet d’
Bengele bäi d’Tromm gehäit... !
14 - Ech fannen dat zimlech
taktlos vun him... !
15 - Säit sengem Bestiednis ass hie komplett
aus dem Rhythmus !
16 - Wie gëtt hei an der Klass
den Toun un ?
17 - E flotten
Optakt zu de Festlechkeeten !
18 - Dee gëtt an den
héchsten Téin gelueft !
19 - Also Kanner, haut ginn nei (oder aner)
Säiten opgezunn !
20 - Ech hu geschweest wéi eng
Sängerin.
21 - Dat ass eng
aner Gei !
22 - Deen huet e Gesiicht wéi e
Posaunenengelchen
23 - Ech hu lo endlech mäi
Rhythmus fond !
24 - Déi hunn en Trapp Kanner wéi
Uergelspäifen
25 - Du
Trootterbatti !
26 - Moien, Här
Gesangveräin…  !
27 - O, dovunner kann ech iech e
Liddche päifen !
28 - Hien huet sech am
Toun vergraff !
29 -
Trommel emol d’Equip zesummen !
30 - Uu, et
klavéiert nach net esou richteg !
31 - Hien erkennt emol keen
Orchester, wann dee virun him steet !
32 - Dat ass
Zukunftsmusik !
33 - Pass op, hie belitt dech no
allen Nouten !!
34 - Den Himmel hänkt voller
Geien
35 - Hien huet Ouere wéi
Djummdéckelen
36 - D’Spatzen hunn et vum Dach
gepaff.
37 - Op eemol huet hie sämtlech
Regëster gezunn.
38 - Deen de
Spillmann bestellt, bezuelt en och!
39 - Hatt danzt no senger
Gei.
40 - Opgepasst, hei
spillt d’Musek!
41 - Ech hunn de
Blues.
42 - Dat ass ëmmer déi selwecht
Leier ...
43 - All Vugel
séngt wéi him de Schniewel gewuess ass
44 - Wat bass du eng
Päif!
45 - Schmäiss de
Rimm op d’Uergel!
46 - Ech muss him alles
apauken!
47 - Ech
päifen op dat Schoulfach.
48 -
Tuut net zevill den Owend!
49 - Deen huet e puer Schong wéi
Geiekëschten.
50 - Hie spéitzt déck
Téin
51 - Du hues eng
Stëmm fir Briketten ze tässelen!
52 - Him ass den Eefalt aus der
Gei gesprongen
53 - Da kanns de op der
Flute ‚tirlittitti’ spillen!
54 - Hien huet dat am Duerf
erausposaunt
55 - `t ass keng
Weis, soss giff se sangen!
56 - De kanns mech
klibberen!
57 - Ech sinn haut liicht
verstëmmt!
58 - Quatsch keng
Oper!
59 - Dee Kärel huet keen
Taktgefill!
60 - Wat hie seet a mécht, steet net am
Aklang mateneen
61 - D'Enn vum
Lidd ass, datt si elo gescheet ginn!
62 - Dat do kritt en
Nospill!
63 -
Unisono hu si gesot, et wier wouer!
64 -
Klimper net esou mat de Wimperen!
65 - Dat woer fir hat just e klengen
Intermezzo