Céline

CD SC1 Huddel & Fatz’
Septimanerchouer aus dem Iechternacher Kolléisch 2009/2010
Huddel&Fatz Band
Max Lamesch


De Chouerprojet vun 2009/2010 nennt sech Huddel & Fatz. Folgend Lidder si vun 31 Sängerinnen a Sänger ageprouft an den 9. Juni 2010 vun den Tritone Studios vun Tréier opgeholl ginn: Huddel & Fatz (Chr.Schiltz-Urwald – G.Urwald) erzielt vum ‚stressege’ Schüleralldag, net nëmmen am LCE, Den Emil (G.Urwald) ass d’Geschicht vum klenge Bouf, deen andauernd bestrooft gëtt a jo just Kand wollt sinn, Cräshkurs (J.Thill – G.Urwald) ass de Lëtzebuergeschkurs fir Ufänger, Wanterdag (J.Thill – G.Urwald) beschreift de schéinen, awer äisegen a laange Wee duerch déi kal Joereszäit an SMS (G.Urwald) stellt d’Fro, wat déi 3 Buschtawen eigentlech alles kinnte bedeiten.
D’Konschtofdeelung vum Iechternacher Kolléisch huet e Concours fir den Ënnergrad ausgeruff fir de ‚Cover’ vum CD ze gestalten. Gestaltungstechnike konnte fräi vun de Schüler gewielt ginn. Dem Céline Wengler vun der 5ème6 säin Entwuerf ass zréckbehale ginn. Den 2.Präis geet un d’Jill Pfanner (5m6) an en 3.Präis un d’Yasmine Bellwald (5m6).
Den
Huddel&Fatz-Chouer trëtt de 4. Juni 2010 um grousse Chouerdag ‚Tour des Mélodies’ vun der INECC (INstitut Européen de Chant Choral) an op der Diplomiwwereechung vun de Primaner am grousse Sall vum Iechternacher Trifolion op.

1. Huddel & Fatz (Chr.Schiltz – G.Urwald)
2. Cräshkurs (J.Thill – G.Urwald)
3. Den Emil (G.Urwald)
4. Wanterdag (J.Thill – G.Urwald)
5. SMS (G.Urwald)

Et sangen:

Floden Anne - Goeler Anne - Menei Lara - Wujanz Melina - Haentges Catherine - Sanchez Isabel - Divora Lisa - Kieffer Nora - Scholtes Laurence - Frantz Jessica - Mertens Yannick - Wahl Lucie - Nafziger Stéphanie - Oms Catherine - Wengler Joé - Da Silva Afonso Ivanna - Spautz Kim - Artois Jil - Girch Alona - Boursier Catherine - Hoffmann Jeanne - Girst Yanick - Burelbach Felix - Coljon Sam - Back Dana - Kapgen Tun - Schroeder David - Bruck Aline - Klimek Agata - Karier Fréderic - Koepfler Vanessa
Solist: Max Lamesch

Et spillen:
Yanick Girst, Stéphanie Nafziger: Querflütten
Georges Urwald: Piano, Akkordeon an Hammonduergel
John Schlammes: E-Bass
Max Sauber: Batterie

Cover: Céline Wengler (5m6)
Layout: Dany Dickes

Opnam: Tritone Studios Tréier/Petrisbierg – Cordell Monson - Opgeholl den 2.06.2010 zu Tréier an den 9.06.2010 zu Iechternach am Musekssall vum LCE