WëllsCoverJeffVan Luijk3

CD SC02 Wëlls de mat mer gon?
Septimanerchouer aus dem Iechternacher Kolléisch 2010/2011 & Band
Leedung: Georges Urwald
Solisten: Judy Kool, Linda Gorges, Ciaran Hagen, Noémie Schiltz, Mara Faber, Kim Jones, Ivan Leal, Eschbour Judith, Sara Daniela
CD-Cover: Jeff van Luijk (5c1)

1.
Wëlls de mat mer gon? (Christiane Schiltz-Urwald - G.Urwald)
2.
Firwat ass d'Léift sou komplizéiert? (Joëlle Nicolay & Liz Streff - G.Urwald)
3.
Septisblues (Joshi Gottlieb - G.Urwald)
4.
Dat neit Joer (Yvon Streff - G.Urwald)
5.
D'Marie-Lou an den Här Jean (Elie Sinner - Caroline Mirkes)
6.
Zeechen (Danielle Hoffelt - G.Urwald)

Et sangen: Bellion Magali, Coelho Patricia, Daniela Sarah, Eschbour Judith, Ewert Stina, Faber Mara, Georg Isabelle, Godfrey Selina, Gorges Linda, Hagen Ciaran, Hemmen Aurélie, Hengel Aïcha, Hutchinson Samantha, Jones Kim, Kahn Mira, Kartheiser Laura, Ketoh Sonja, Kohn Cristian, Kool Judy, Korpussenko Anastasya, Le Jan Michi, Leal Martins Ivan, Osweiler Anna, Pütz Jil, Schiltz Noémie, Schoellen Felix, Schroeder Debora, Soisson Yann, Stein Thierry, Trienekens Tanja, Van Schaik Nikita, Vezin Michèle, Victor Michèle, Wagner Sandra, Wildgen Sophie a Windal Tamara.

De Chouer gëtt begleet vum John Schlammes um E-Bass, dem Max Sauber op der Batterie an dem Georges Urwald um Piano.

D’Texter an d’Musek vu ‚Wëlls de mat mer gon?’ gi wéi gewinnt op den Alldag vun engem 12-13jähregen an: do gëtt et et Meedchen, wat dem Polchen besonnesch gutt gefällt (Wëlls de mat mer gon?), do gëtt festgestallt, dat d’Thema Léift net esou einfach ass (Firwat ass d’Léift esou komplizéiert?), do schéngt eng Prüfungszäit erëm keen Enn wëllen ze huelen (Septisblues), d’Léisung fir Stress kann en einfache ‚Flan’ sinn (D’Marie-Lou an den Här Jean), e puer gutt gemengte Wënsch fir dat neit Joer (Dat neit Joer) oder d’Schoulphilosophie vum Iechternacher Lycée a Form vun engem hymnesche Lidd (Zeechen).

Concours an der ‚éducation artistique’

E puer 5ème-Klassen hu sech artistesch mam Thema ‚Wëlls de mat mer gon?’ auseneegesat an hir Fantasie spille gelooss fir d’CD-Täsch ze entwerfen: Dem Jeff van Luijk vun der 5C1 säin Entwuerf ass zréckbehale ginn: eng sprëtzeg, ‚frech’ Iddi, ëmgesat mat Photoapparat an enger spezieller Beliichtungstechnik.

Finalist vum Gesangsconcours ‚à vous de chanter’

‚Et wor einfach déi Freed an déi Dynamik, déi d’Septimaner eriwwer bréngen!’. Esou huet sech ee vun de Jury-Memberen zu de Septimaner hirem neie Gesangsprojet Wëlls de mat mer gon? ausgedréckt. Dat ënnert anerem huet eng Nominatioun ënnert déi éischt Zéng (vu 40) vum INECC-Concours (Institut Européen de Chant Choral) ‚à vous de chanter’ am Mee 2011 abruecht, deen eng éischte Kéier organiséiert ginn ass.
Um INECC-Chouerdag ‚Le Tour des Mélodies’ den 10.Juni 2011 am Centre Culturel de Rencontre Neumünster am Staadter Gronn hunn d’Septimaner no ronn 4 Méint Proufaarbecht hir éischt Optrëtter. Iwwert den Dag verdeelt sange si kleng Concert’en, triede bäi der offizieller ‚Inauguratioun’ op an huelen un engem Gesang- a Beatbox-Atelier deel.

Innovatioun, Kreativitéit an Originalitéit gi vun der Gesellschaft bekanntlech manner appreciéiert a verlaangt wéi ‚Standard’ an dat Gewinntent.
Deem entspriechend ass de jonke Septimanerchouer no der Final vun ‚à vous de chanter’ vill gelueft ginn („wat fir eng flott Equip dat ass, wat no nëmme véier Méint op d'Bee gestallt ginn ass, wat fir eng Freed mat där Musek vermëttelt a wéi natierlech si eriwwerbruecht gëtt, a wéi engem 'coole', flotte Lycée déi Schüler musse sinn a wéi originell an aussergewéinlech déi Iddi ass, eege Stécker a Lëtzebuerger Sprooch ze sangen“ asw.), konnt sech awer leider net géint ‚Etabléiertes’ duerchsetzen. Publikum a Jury hu sech vun anere gesanglechen Aspekter ‚beandrocke’ gelooss.
An trotzdem huet de Septimanerchouer alles richteg gemat! De Chouerchef ass houfreg op seng Sängerinnen a Sänger. „Mir woren net déi Bescht, mee dat Bescht!“ Net just e klanglecht Resultat, mee och Iddeeën!

Déi Kleng sange fir déi Grouss

Wéi gewinnt trieden d’Septimaner op der Diplomiwwerreechung vun den Ofschlussklassen, de 6. Juli 2011 am Iechternacher Trifolion mat hirem neie Programm op.

Den CD

Den CD ass den 8.06. an de 15.06.2011 vum Georges Majerus an dem Cordell Monson vun Tritone Studios am Musekssall vum LCE opgeholl ginn.
‚Wëlls de mat mer gon?’ kann iwwert den Internet-Site vum LCE, bäi de SängerInnen an um Secretariat fir 5 Euro kaf ginn. Den Erléis ass fir e ‚gudden Zweck’.