GillenDinA4Kand

Septimanerchouer 7O5 & Band 'DinA4-Kand'
SC04

1. DinA4-Kand (Marion Weydert - Georges Urwald)
2. Haut scho gepoust? (Christiane Urwald - Georges Urwald)
3. Stären (Christiane Urwald - Georges Urwald)
4. Endlech Weekend! (Danielle Hoffelt - Georges Urwald)
5. Wann eis Schoul e Bam wier (Jeff Seyler - Georges Urwald)

Leedung, Piano an Tastebass: Georges Urwald
Batterie: Max Sauber

Opnam a Mix: Georges Majerus - Tritone Studios/Berduerf

Et séngt d'7O5:

Bartz Léa, Bellot Maxime, Bonert Annick, Braas Jason, Delhez Jil, Dos Santos Batista Steven, Eixler Dominique, Greisch Thierry, Kapgen Jang, Koster Felix, Loos Stéphanie, Martins Moreira Irina, Nanna Luca, Pez Laura, Pimenta Rocha Claudia, Rodrigues Machado Sam, Sauber Gilles, Schroeder Lynn, Stors Daniel, Welter Justine, Zeien Anne

D’Editioun 2012/2013 vum Septimanerchouer huet dëst Joer eng ganz 7ème-Klass an de Virgronn gesat. Déi 21 Schülerinnen a Schüler vun der dynamescher 7o5 aus dem LCE hunn am 2.Trimester 5 nei lëtzebuergeschsproocheg Lidder, geschriwwe vu Professeren aus dem LCE, iwwert Schoul a Jugend ageprouft. Opgefouert hu si d’Lidder am Kader vum ‚Gesank am Gank‘, um fächeriwwergräifende Concert ‚Spigelkabinett‘, op der Porte Ouverte, op der ‚Fête de la musique‘ op der Iechternacher Maartplaz an op der Diplomiwwerreechung um Enn vum Schuljoer. Opgeholl huet d‘7o5 hir d’Lidder dëst Joer am professionellen Tounstudio ‚Tritone Studio‘ zu Bäertrëff. Begleet goufe si dobäi vun hirem Museksprofesser Georges Urwald um Piano an dem Batteur Max Sauber. Den CD ass vum Juli 2013 un am Lycée fir 5 Euro ze kréien,

Am Titelstéck DinA4-Kand (Text: Marion Weydert) loossen d’Septimaner sech net gären a Forme ‚pressen‘, virun allem net an der Schoul! Am Text vum Christiane Schiltz-Urwald gëtt nogefrot, ob Haut scho gepoust! ginn ass. Et kéint ee jo emol eppes Wichteges verpassen! Stären (Text: Christiane Schiltz-Urwald) ass e rhythmusbetounte Stéck fir d’Chrëschtzäit, an deem Kaspar, Melchior a Balthasar dem besonnesche Liicht gefollegt sinn. Am Text vum Danielle Hoffelt Endlech Weekend! stellt de Schüler fest, datt d’Virfreed op de Weekend méi schéin ass wéi de Weekend selwer, deen eigentlech zimlech gro ka sinn, wann een d’Schoulfrënn net ronderëm sech huet a kee Proff ‚domm‘ Froe stellt. Am 5.Stéck Wann eis Schoul e Bam wier setzt de Jeff Seyler d’Leitbild vum Iechternacher Lycée a Versen ëm. D’Musek vun alle Stécker huet de Georges Urwald geschriwwen.

CD-Cover-Concours ‚DinA4-Kand‘
Wéi déi Joere virdrun, sinn interesséiert Schüler a Klassen aus dem LCE opgefuedert ginn, d’Iddi hannert dem Titel DinA4-Kand kënstleresch ëmzesetzen, op eng Aart a Weis, déi hinne fräi iwwerlooss wor. Dem Nathalie Gillen vun der 2EG säi Cover ass zréckbehale ginn.