iknëff

CD SC03
‚iKnëff’

Septimanerchouer & iBand aus dem Iechternacher Lycée 2011/2012
Leedung: Georges Urwald

1.
iKnëff (Jeff Seyler - Georges Urwald)
2.
Wat Bréissel ass fir d'Belsch (Georges Urwald)
3.
Ze spéit (Nathalie Fisch-Medernach - Georges Urwald)
4.
Buschtawenzopp (Christiane Schiltz-Urwald, Georges Urwald)
5.
Di grouss Schoul (Jeff Seyler - Georges Urwald)
6.-10. Karaokeversiounen

CD-Coverbild: Anne Gillen (5M6)
Layout: Jean-Paul Mirkes

Opnam a Mix: Georges Majerus - Tritone Studios
iBand-Programmatioun & Piano: Georges Urwald

Et sangen:
Beck Lucie, Bergem Claire, Bonert Annick, Braun Julie, Chelius Marie, Classen Lynn, Ecker Elina, Feltes Lara, Fogens Lisa, Hermes Jil, Hoffmann Lara, Hoffmann Simon, Houss Debbie, Kieffer Mara, Landen Jack, Lohbeck Valérie, Marcelo Sara, Oberweis Lisi, Schroeder Charlotte, Tecelao Kelly, Wagner Jo-Anne, Weber Jo
Weiland Lisa, Windal Marina


An der Schoul an doriwwer eraus gesäit een hautdesdags ëmmer erëm Bouwen, déi en opfalend ‚intimen’ Ëmgang mat engem klengen Apparat fleegen, mat deem se vill a laang schwätzen, op deem se virtuos tippen, deen se heemelen, ‚betatschen’, deen si mat Videoen a Audioen ënnerhält an deen se iwwert alles informéiert, wat si grad wëllen oder musse wëssen. Voilà – esou e Bouf nennt de Kolleg Jeff Seyler ‚iKnëff’ a schreift domadder de Liddtext fir d’Titelstéck vum Septimanerchouer, Editioun 2011/2012.

Wéi ëmmer sinn d’Texter an d’Musek fir de Septimanerchouer aus dem Iechternacher Lycée nei an hausgemat. Ëmmer nach sinn d’Sängerinnen an d’Sänger houfreg, fir hiert Resultat op CD ze veréiwegen an nom Motto Di Kleng sange fir di Grouss op der Diplomiwwerreechung, op der „Fête de la Musique“ an um Chouerdag vun der INECC am Stadgronn ze sangen. No de Produktiounen „Banda Limbo“, „Huddel & Fatz“ a „Wëlls de mat mer gon?“ ass „iKnëff“ di véiert CD vun den Iechternacher Septimaner.

Nieft dem Titelstéck héiere mer e weideren Text vum Engleschproff Jeff Seyler mat der Iwwerschrëft ‚Di grouss Schoul’: alles ass nei, friem, ongewinnt a schrecklech an der neier, grousser Schoul fir de Septimaner ... an trotzdem stellt hien no kuerzer Zäit fest, datt et him hei awer ganz gutt gefällt. En drëtt Stéck heescht ‚Ze spéit’, en Text vum Nathalie Medernach an deem d’Ze-spéit-kommen an der Schoul duerchaus och erfreelech Nieweneffekter hu kann. D’Christiane Schiltz-Urwald dréit dëst Joer en Text iwwert ‚D’Buschtawenzopp’ zum Septimanerprojet bäi, an deem een net wees, ob et d’Nuddelen, de Magi oder de Cube ass, deen den Tun an der Kantine esou duerchenee gemat huet. Mam fënnefte Stéck léieren resp. widderhuelen d’Septimaner bäim Sangen d’Memberlänner vun der EU an hir Haaptstied: ‚Wat Bréissel ass fir d’Belsch ...’, en Text vum Georges Urwald, deen iwwregens och d’Musek op di fënnef Texter geschriwwen an arrangéiert huet.

Passend zum Titel ‚iKnëff’ ginn d’Septimaner dës Kéier begleet vun enger ‚iBand’: Beats, Samples a soss elektronesch Kläng.

Verschidde Klassen hunn an der ‚éducation artistique’ bäim ‚iKnëff’-Concours matgemat. Dem Anne Gillen vun der 5M6 seng Interpretatioun vum ominéise Knëff ass zréckbehale ginn a geet a Form vum CD-Cover an den Drock.

Den CD kascht 5 Euro a kann am Sekretariat vum Iechternacher Lycée kaf ginn. D’Texter an d’Noute kann een um www.lce.lu ënnert ‚départements – éducation musicale’ eroflueden.