Banda Limbo Loggo

Jazz-Lidder fir Kleng a Grouss

Banda Limbo erzielt, séngt a spillt d’Geschicht vum ‚Jatts’ vum afrikanesche Gesang, iwwert Dixieland, Gospel a Swing bis hin zum Jazzrock.

Et wor emol en Entdecker ... a mat dem Christoph Kolumbus senger ‚Entdeckung’ gëtt de Grondstee geluecht fir eng nei ‚amerikanesch’ Musek, déi ënnert schlëmmen Ëmstänn entstanen ass, déi denen, déi se fonnt, gesongen a gespillt hunn, ganz vill Kraaft ginn huet fir ze iwwerliewen oder eppes ze änneren, déi gréisstendeels improviséiert ass, déi hir Portioun Blues a Swing huet, déi fir Spannungen a Frëndschaften tëschent Schwaarz a Wäiss gesuergt huet an déi am Laf vum 20.Joerhonnert am Ënnerhalungsgeschäft Fouss gefaast huet ...

D’Texter vum Guy Rewenig si vum Georges Urwald fir Chouer an Jazztrio vertount ginn. Den CD Banda Limbo huet den Ultimomondo Verlag erausbruecht.

Et wierke mat de Kanner- a Jugendchouer vu Konsdref (Leedung: Claude Keiser), 2 Primärschoulsklasse vun Konsdref (Leedung: Claude Ernzer an Emil Weis), de
Banda Limbo-Septimaner-Chouer aus dem Iechternacher Kolléisch (Leedung : Georges Urwald), den Ensemble Vocal vu Berdorf (Leedung: Robi Schiltz) an de Solist Max Lamesch.

Aus dem LCE hu matgesongen:

7o1: Bettendorf Sven - Carreira Lopes Pauline - Hausemer Charlie - Levi Jonathan - Moreau Clarice - Pereira da Costa Sonja - Prim Daniel - Schmit Vicky - Tschiderer Alex - Van Luijk Jeff - Walter Liz - Hau Sam

7o2: Kieffer Léonard - Kleyr Liliane - Sinner Naema - Carvalho da Silva Claudia

7o3: Mirkes Christophe - Reding Jil - Schüssler Lynn - Wagener Dominique - Wetz Sophie

7st1: Caloin Louis

7st4: Schmit Jil

Garlicks:

Georges Urwald: Piano a Kompositioun
John Schlammes: akkusteschen an elektresche Bass
Al Lenners: Batterie