*****
08.07.2013:
Op der Diplomiwwerrechung am Trifolion trieden 'Die SIngenden Primaner von Echternach' an d'Septimaner vun der 7O5 op a stellen hiren neien CD 'DinA4-Kand' vir. De Premierminister Jean-Claude Juncker ass begeeschtert.
17.06.2013: d'7O5 trëtt op der grousser Bühn op der Iechternacher Maartplaz am Kader vun der Fête de la Musique op
05.06.2013:
D'7O5 hëlt zu Berduerf an den 'Tritone Studios' hiren CD mam Titel DinA4-Kand op.
24.05.2013: De finnesche Chouer aus de Puolala Music Classes aus Turku/Finnland trëtt am Keller vun der Orangerie op.
21.05.2013: D'Fanfare vum LCE an en neien LCE- Museksensemble mat Geien, Flütten, Akkordeon a Gittar hunn a Präsenz vun der Ierfherzoglecher Koppel Guillaume & Stéphanie un der Iechternacher Sprangprëssessioun deelgeholl.
02.05.2013:
Op der Porte Ouverte vum LCE empfänkt de Septimanerchouer d'Visiteuren mat e puer hausgemate Songs.
26.04.2013:
Déi éischt Oplo vum Spigelkabinett, enger Plattform fir kënstleresch Villfalt, geet am Spigelsall vum LCE iwwert d'Bühn. Et trieden op: die Singenden Primaner von Echternach, den Theatergrupp 'Littérature: Interprétation et jeu', de Septimanerchouer 7O5, de Proffechouer an den Ensemble Vocal du LCE. Leedung: Carole Lorang, Nikola eckertova a Georges Urwald
26.04.2013:
Di éischt 'Salounge de l'Orangerie' - Grooves, Moods, Flavours & More ass am Keller vun der Orangerie ofgehale ginn.
14.12.2012:
Am Trapenhaus vum Haaptgebai hunn d'Septimaner mam Gesank am Gank I an der Paus probéiert ze iwwerzeegen.
13.12.2012:
'Ageschneit' huet den éischte Salon de l'Orangerie am Keller vun der Orangerie geheescht. D'Schüler vum neie Schülerkulturgrupp hunn dësen Owend mat Gesank, Musek, Poesie, Gebäck a Gedrénks organiséiert.
18.12.2012: D'Kolléischsmusek mécht hiren traditionellen Ausfluch op Köln.
07.11.2012:
traditionellen Hämmelsmarsch mat der Kolléischsmusek duerch d'Gebailechkeete vum LCE an duerch Iechternach

*****
09.07.2012
: Bäi der Diplomiwwerreechung suergen d'Septimaner, de Proffechouer an 'Die singenden Primaner von Echternach' fir de musekaleschen Encadrement. Hei gëtt och den neien CD vum Septimanerchouer iKnëff virgestallt.
17.06.2012
: Am Kader vun der 'Fête de la musique' trieden de Septimanerchouer an d'Big Band bäi herrlechem Wieder a viru ville Leit op der Iechternacher Maartplaz op der 'Grande scène' op.
15.06.2012
: De Septimanerchouer vertrëtt den LCE um Chouerdag vun der INECC an der Abtei Neimënster mat 3 Mini-Concerten.
13.06.2012
: Septimanerchouer, Proffechouer a BigBand The BigBand Theory gestalten e flotte Concert am Spigelsall vum LCE. Leedung: David Daubenfeld a Georges Urwald, Moderatioun: Anne Engels
11.06.2012
: De Septimanerchouer hëlt hiren CD iKnëff op
29.05.2012
: D'Kolléischsmusek spillt op der Iechternacher Sprangprëssessioun
23.03.2012
: D'Proffen trieden éischtmools géint d'Septimaner am Gesank am Gank un
22.03.2012
: Gesank am Gank II vun de Septimaner
13.12.2011:
D'Kolléischsmusek mécht um leschte Schouldag hiren traditionellen Ausfluch op Köln.
09.12.2011:
De Chrëschtsalon Dezembeleien geet am Keller vun der Orangerie iwwert d'Bühn: mat vill Musek, Poesie, Quiz, Gedrénks a Gebäck
09.12.2011: Gesank am Gank I
: d'Septimaner sangen am Trapenhaus vum Haaptgebai
09.11.2011:
traditionellen Hämmelsmarsch mat der Kolléischsmusek duerch d'Gebailechkeete vum LCE an duerch Iechternach

*****
12.07.2011
: Um Mini-Schoulfest an der Mëttestonn schléisst de Septimanerchouer d'Schouljoer gesanglech of
08.07.2011:
Gesank am Gank III am 'Prälatefliggel'
06.07.2011:
D'Septimaner sangen um 18:00 am Trifolion op der Diplomiwwerreechung fir 'déi Grouss'
10.06.2011:
De Septimanerchouer séngt am CCRNeumünster um Chouerdag 'Tour des Mélodies' an an der Final vum Gesangsconcours 'à vous de chanter'
05.06.2011:
Museksatelier 'Offenes Singen' am Kader vum 'Lernfest 2011' zu Iechternach
13.05.2011: Salon
de l'Orangerie Spring, spring, spring! Org.: 7o4 a GP
01.04.2011
: Gesank am Gank II
25.03.2011
: D'Septimaner kréien am Trifolion en interaktive Concert zum Thema 'Indianer' vum OPL a Login:music ze lauschteren.
04.02.2011
: Fir de Pisa-Wëssensmagazin 'Musek' zeechent RTL am Musekscours vun der 7o2 e Reportage op zum Thema 'Musek mécht schlau' - Léiere mat Musek. D'Sendung gëtt den 13.02 ausgestraalt.
14.01.2011:
Den éischte 'Gesank am Gank' ass relativ erfollegräich duerch d'Trapenhaus gaangen. 220 Septimaner hunn e schéint neit Joer gewënscht.
13.12.2010:
D'7o2 an d'7AD gestalten um 19:00 Auer de Salon de l'Orangerie Dezembeleien zum Thema Wanter a Chrëschtdag. Si moderéieren, sangen, danzen, spillen a maache verschidde Quiz'e mat de Leit ...
10.11.2010:
SchülerInnen spillen den Hämmelsmarsch an Iechternach. Et ass Bulletskiermes!
17.10.2010:
D'Banda-Limbo-SchülerInnen sangen am CCR Neimënster de 'Gig fir Kids' am Kader vum 'Autumn leaves Jazzfestival'. Mat hinne sangen de Kanner- a Jugendchouer vu Konsdref, den Ensemble Vocal vu Berduerf. Si gi begleet vun engem Jazztrio.
*****

08.07.2010:
Ausfluch op Bréissel an op Louvain-la Neuve - d'2ème-Optioun besicht den Instrumentemusée zu Bréissel an net, wéi virgeholl, den Tintin-Musée zu Louvain-la-Neuve ...
07.07.2010:
Diplomiwwerreechung - den Huddel & Fatz-Chouer trëtt op de Primaner hirer Ofschlossfeier op
09.06.2010:
CD-Opnam - Den Huddel & Fatz-Chouer hëllt säin CD am Musekssall op.
04.06.2010:
Tour des Mélodies - De Septimanerchouer 'Huddel & Fatz' trëtt am Centre Culturel de Rencontre Neimënster um Chouerdag vun der INNEC op
11./12.03.2010: Heavy Metal - Schüler aus dem LCE komponéieren d'Wierk 'Seven Minutes about Metal' fir den OPL-Orchester, dat am Trifolion an an der Philharmonie opgefouert gëtt
28./29.11.2009:
Ultima Ora - eng Balladopera an der Iechternacher Basilika fir Schauspiller, Solisten, grousse Chouer, Orchester a Rhythmusband
28.11.2009: Fischkonzert fir 3 Sänger/Schauspiller an en Dirigent an der Butteksfënster an der Iechternacher Geschäftsstrooss
03.2009:
H2o - Schulkonzert mit dem OPL zum Thema Wasser. Schüler aus der siebten Klasse sind mit ihren Instrumenten zugegen um das 'Hauptthema' von Smetanas 'Moldau' im Konzert mit zu spielen bzw. mit zu singen.
*******

28.04.2006
: Orange Jazz Lounge am Kader vun de 'Les Salons de l'Orangerie'
11.03.2006:
Live Cinema - Tom & Jerry revisited - Schüler aus dem LCE komponéieren eng nei Filmmusek, déi vun OPL-Museker ënnert der Leedung vum Carl Davis am Stater Conservatoire opgefouert gëtt
******

04.05.2005: Jazz Session 'Beim Baron' zu Uesweiler - Schüler vun der IIème optioun sangen a spillen beléiwte Swing Klassiker
******

08.03.2003: Den 'LCE Group' trëtt an de Foire-Halen um Kierchbierg op der Antiquaire- a Konschtausstellung op. Gesang: Noémie Leer, Trompett: Fränz Zeimetz, Batterie: Damien, E-Bass: Jean-Marie Kieffer, Piano: Georges Urwald
06.11.2002
: Hämmelsmarsch duerch Iechternach: 'Bulletts Kiermes'
******

17.12.1996: Ausfluch Köln, Big Band + Fanfare
05.10.1996: Concert Gréiwemaacher bäi de Scouten
******

04.05.1996:
Auditioun vun der AEM (Association des Ecoles de Musique du Grand-Duché de Luxembourg) am Kader vum 30jährege Jubiläum vun der Nidderkäerjenger Museksschoul zu Uewerkäerjeng am Centre Culturel. D'Big Band mat hire Sängerinnen spillt 'Easy Lover' (Phil Collins) an 'Tears in heaven' (E.Clapton).
01.10.1995: Rees op Budapest mat der LCE-Big Band
*******

11.07.1995: Diplomiwwerreechung: Big Band mat Sträicher
03.-10.06.1995: Echange mat Vokalensemble aus Ungarn aus der Schoul 'Németh Laszlo Gimnazium Budapest'
******

26.01.1994: Big Band spillt zu Louvain am Kader vun engem Schoulmusekertreffen
03.10.1993: Big Band spillt am 'Hauptbahnhof' zu Saarbrécken am Kader vum 'Tag der deutschen Einheit': 15 Instrumentalisten an 8 Backgroundsängerinnen sangen a spillen Elton John, Phil Collins, Giorgio Moroder an George Michael
*******

23.06.1993: Big Band Concert zu Gréiwemaacher
20.09.1992: Big Band spillt zu Beggen um Duerffest
******

11.07.1989: D'LCE-Big Band spillt op der Diplomiwwerreechung e 'Gershwin'-Programm
*******